by Luc Cromheecke

Wednesday, July 25, 2007

Monday, July 23, 2007

Plunk 1, BD vun der Woch!

Plunk ass den Numm vun engem Personnage, dee ganz rosa ass, eng Nues huet ewéi eng Trompett, eng greng Box unhuet an ee grengen Triichter um Kapp huet als Mutz. Hie schwätzt kee Wuert a bréngt seng Lieser awer zum Laachen.

Wouru läit dat? Zu engem groussen Deel un deem ganz absurden Humor vum Cromheecke a Letzer, bei deem een um Enn nëmme soe kann „Nee, wéi domm!“. Woubäi dat awer net béis gemengt ass, mee ënnersträicht wéi witzeg d’Pointe ass. Ganz einfach, ouni vill Opwand (op mannst wierkt et esou), realiséiere si hier kleng Geschichten. A wat ee bis méi wäit mam Liesen dran ass, wat den Humor engem ëmmer méi gefällt. Doduerch funktionnéiert des Serie och besser am Albumformat, wéi als eenzele Gag an der Zäitschreft Spirou, an däer de Plunk schon eng Zäitchen säin Onwiesen dreift.

A well d’Serie ganz ouni Text auskënnt, get et an desem Fall och keng Sproochebarrière, esou dass deen Humor international keng Grenze méi kennt.

RTL

Sunday, July 22, 2007


Plunk Dijonnais
op Plunk controle in Bourgondië...


...mooie winkel in Chalon-sur-Saône...


...mooi, mooi mooi!

...Fnac in Dijon, right in the middle!