by Cromheecke & Letzer

Tuesday, February 12, 2008

Plunk 2, BD vun der Woch!

„Plunk“ verréit scho vum Numm hier, op wat ee sech hei astelle muss: Nonsense pur! Well grad esou absurd ewéi de Personnage heescht an ausgesäit, sinn och seng Gags.

De Plunk ass ee klenge rosa Ausserierdëschen, deen d’Welt mat ganz aneren Aaë gesäit ewéi d’Mënschen. An doduerch och ëmmer nees op Iddië kënnt, op déi keen normale Mënsch kënnt.

Hannert der Serie stiechen de Letzer an de Cromheecke, déi scho mat anere Projetën hieren absurden Humor gewisen hunn. An da funktionnéiert hei och perfekt. Mat zum Deel ganz einfache Gags. Dobäi brauch een ëmmer e bësschen bis ee sech un deen Humor gewinnt huet, mä wann ee bis dovu gefaang ass, a déi Form vun Humor och gäer huet, da léisst de Plunk een esoubal net méi lass!

Gérard Floener – RTL Radio Lëtzebuerg

No comments: